CNLiesrees: Sprooch ass méi wéi Wierder
Liesung a Gespréich mam Ulrike Bail, Tom Hengen a Lambert Schlechter
Für dieses Event gilt der CovidCheck. Sie müssen vorweisen dass Sie:
- geimpft,
- getestet oder
- genesen
sind. Am Eingang legen Sie ihr CovidCheck Zertifikat vor. Wenn Sie kein Zertifikat haben, können Sie sich vor Ort testen lassen.
Vum 4. Mee bis de 4. Juli geet de CNL a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op eng Liesrees duerch d’Land. Den 1. Juli maachen si zesummen mat der dësjäreger Gewënnerin vum Prix Servais Ulrike Bail, dem Tom Hengen a Lambert Schlechter ënnert der Devise „Sprooch ass méi wéi Wierder“ Statioun am TRIFOLION Echternach.
wie viele faden tief, statt einer ankunft, Journeys into Modern Mythologies, Mais le merle n’a aucun message …
Schonn d’Titele vun de Lyrikbänn, aus deenen d’Ulrike Bail, den Tom Hengen, an de Lambert Schlechter liesen, si Beispiller derfir, wéi wäit Wierder goe kënnen, wéi genau se och dat bezeechne kënnen, fir dat et kaum Wierder gëtt, wéi exakt een sech am Gedicht vun engem aneren erëmfanne kann. Sou een Owend léisst sech net wierklech plangen, do ëmgëtt ee sech mat Sprooch wéi mat Musek. Mä näischt ass zoufälleg. An am Gespréich wäerte mer och eppes iwwer Bushaltestellen, Märelen a eng ganz modern Mythologie gewuer ginn.
ca. 120 Min.
Liesungen op Däitsch, Franséisch & Englësch
Gespréich op Lëtzebuergesch
A Kooperatioun mat:
![]() | ![]() | ||
---|---|---|---|