Dany Gales

Tickets:
10 EUR Einheitspreis
Free Seating

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Supplément Dageskeess:
2,50 EUR pro Ticket

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

Dany Gales: Kolja a Galina - Wa Kuebe reesen - AUSVERKAUFT

Sonntag 16. Mai 2021 15:00 Sonntag 16. Mai 2021 15:50 Atrium

D'Veranstaltung gouf op den 16.05.2021 verluecht. Tickete bleiwe fir den néien Termin valabel.

D'Veranstaltung fënnt am Kader vum Family Day im TRIFOLION statt.

E musikalesche Kuebespektakel mat Bildprojektioun

Fir Kanner vun 3 bis 10 Joer

Di zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland. Well et hinnen am Wanter do ze kal ass, maachen se sech op d’Rees... Ënnerwee begéine si vill aner Déieren. Si froen all Déier, wat et am Wanter mécht, fir net ze fréieren? Di zwee Kueben kréien allerhand Äntwerten! Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat op d’Rees...

Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dëser Kuebegeschicht, selwer virgedroen. D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Caroline Mirkes um Cello, vum Carmen Würth op verschiddene Perkussiounsinstrumenter a vum Marc Demuth um Kontrabass. D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen, an eng Déiereroll klammen oder einfach d’Geschicht antizipéiere kënnen...

„Kolja a Galina, wa Kuebe reesen“ ass dat véiert Kannerbuch, dat d’Autorin Dany Gales erausbréngt. Si huet bis elo schon eng Rei Virliesunge vun hire Kannerbicher gemaach a wollt dës Kéier zu hirem neie Buch och e klenge musikalesche Spektakel entwéckelen, fir d’Kanner an d’Geschicht anzebezéien.

Mam: Dany Gales - Erzielerin
Caroline Mirkes – Cello
Carmen Würth - Perkussioun
Marc Demuth - Kontrabass

Musikalesch Arrangementer: Bob Morhard an Judith Lecuit

Weitere Veranstaltungen am Family Day:

10:00 Sang a sprang mat mir!

12:00 Yoga

13:00  Dany Gales: Kolja & Galina - Wa Kuebe reesen

17:00 Choraoke - Sing along Concert

50 Min. ouni Paus

Lëtzebuergesch