Dany Gales

Dany Gales: Kolja a Galina - Wa Kuebe reesen - VERLUECHT

Montag 29. Juni 2020 14:30 Montag 29. Juni 2020 15:20 Atrium

D'Veranstaltung muss leider verluecht ginn. Méi Informatiounen ginn et demnächst.

E musikalesche Kuebespektakel mat Bildprojektioun

Fir Kanner vun 3 bis 10 Joer

Di zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland. Well et hinnen am Wanter do ze kal ass, maachen se sech op d’Rees... Ënnerwee begéine si vill aner Déieren. Si froen all Déier, wat et am Wanter mécht, fir net ze fréieren? Di zwee Kueben kréien allerhand Äntwerten! Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat op d’Rees...

Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dëser Kuebegeschicht, selwer virgedroen. D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Caroline Mirkes um Cello, vum Carmen Würth op verschiddene Perkussiounsinstrumenter a vum Marc Demuth um Kontrabass. D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen, an eng Déiereroll klammen oder einfach d’Geschicht antizipéiere kënnen...

„Kolja a Galina, wa Kuebe reesen“ ass dat véiert Kannerbuch, dat d’Autorin Dany Gales erausbréngt. Si huet bis elo schon eng Rei Virliesunge vun hire Kannerbicher gemaach a wollt dës Kéier zu hirem neie Buch och e klenge musikalesche Spektakel entwéckelen, fir d’Kanner an d’Geschicht anzebezéien.

Mam: Dany Gales - ErzielerinCaroline Mirkes – CelloCarmen Würth - PerkussiounMarc Demuth - Kontrabass

Musikalesch Arrangementer: Bob Morhard an Judith Lecuit

50 Min. ouni Paus

Lëtzebuergesch