Studio Delta, Fernande Jourdain

Tickets:
16 EUR
10 EUR ermäßigt

Kulturpass wird akzeptiert

Aufpreis Abendkasse:
2,50 EUR pro Ticket

De Cabaret Batter Séiss presentéiert „Ugeschmiert an ugeschass!“

Samstag 21. Oktober 2017 20:00 Samstag 21. Oktober 2017 22:20 Agora

Mat halwe Wourechten, verdréinte Neiegkeeten oder mat plompe Ligen kennt een hautesdaags ganz gutt weider, sief dat am Alldag oder an der Politik. „Alternativ Fakten“ ass en neie Begrëff, grad esou wéi „Fake News“. Vill Leit fille sech net nëmmen doduerch „ugeschmiert an ugeschass“, se sinn et och. Bei Aneren , déi sécher net manner ugeschmiert an ugeschass ginn, klengt dat allerdéngs ewéi Musek an den Oueren an de Combel, se flippe regelrecht dorop.

Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnten witzeg Aart a Weis mat dësem gesellschaftleche Phenomen. Net nëmmen an der Politik, mee och am Alldag gëtt een dacks „ugeschmiert an ugeschass“.

Op der batter séisser Bühn stinn d’ Vicky Wagner, d’ Liette Wilgé, de Jemp Mallinger an de Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler. All Deel dauert ronn eng Stonn. Regie féiert de Rob Wagner. D’ Texter si vum Cabaret Batter Séiss.

120 Min. + 20 Min. Paus

Lëtzebuergesch