Théâtre Grand-Ducal

Tickets:
20 EUR Eenheetspräis
12 EUR reduzéiert

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Supplément Oweskeess: 2,50 EUR pro Ticket

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

De Jousef an d'Maria vum Peter Turrini - ANNULÉIERT

Sonntag 22. Dezember 2019 17:00 Sonntag 22. Dezember 2019 18:20 Agora

Théâtre Grand-Ducal

D'Veranstaltung "De Jousef an d'Maria" den 22.12.2019 huet leider missten ofgesot ginn. Scho kaaften Ticket'en gi bei de jeeweilege Virverkafsplaze rembourséiert.

Fräi iwwersat an adaptéiert vum Jean Noesen

Eng Liebesgeschicht!? Ee Chrëschtwonner!? Den Owend vum 24. Dezember begéinen sech an engem Supermarché d'Botzfra Maria an de Sécherheetsmann Jousef. Well alle béid op Hellegerowend net eleng doheem wëlle sinn, hunn sie sech fir ze schaffen andeele gelooss.

Et sinn zwee tockeg Mënschen, déi vu hirer eegener Vergaangenheet gepräägt an ageholl sinn. De Mann behëlt sech wéi ee vun de leschte Mohikaner vum Sozialismus a schwäermt nach ëmmer dovun, wéi hien deemools Trakte verdeelt huet, an eng Rees an d'Sowjetunioun gewonnen hat. D’Fra wollt hirersäits ëmmer eng grouss Dänzerin ginn, ma sie huet an hire jonke Joren de Wee bis op déi grouss Bühn nie gepackt.

E rasant an drolegt Chrëschtfest steet fir déi zwee Rabbelkäpp an d’Haus. E Fest vun der Léift, dat onerwaarte Glécksgefiller ausléisst an zu engem reegelrechte Chrëschtwonner mutéiert?!

Et spillen: Monique Melsen a Jean Noesen
Regie a Bühnebild: Claude Faber

ca. 80 Min. ouni Paus

Lëtzebuergesch

Koproduktioun: