J. Unsen

Tickets:
12 EUR Eenheetspräis

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Supplément Dageskeess:
2,50 EUR pro Ticket

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

De Kapitän Mullebutz & seng Séiss-Waasser-Matrousen si wibbeleg

Sonntag 8. Dezember 2019 15:00 Sonntag 8. Dezember 2019 16:00 Atrium

Kannerlidder aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt - Neie Programm: Mullebutz 2

E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren.

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: si si wibbeleg. Aus der ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d’Wibbele kréien: Danzen, sprangen, sangen… Haaptsach gutt Laun. Och d’Madamm Li wëll, dass hir Matrousenband eppes fir d’Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn.

Di erfollegräich Iddi, fir flott Kannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis. Ei, dat gëtt e Spaass!

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen spillen bekannte Kannerlidder & Popsongs vu Sterny-Courquin/Poutty Stein bis Van Halen & The Cure, wéi gewinnt a flott arrangéiert vum Georges Urwald. Si invitéieren d’Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotten Nomëtteg ze erliewen.

E Projet vum Dan Tanson & Georges Urwald.

Dan Tanson Iddi, Konzeptioun a Gesank
Georges Urwald Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill
Christian Peckels Gitar
Tom Wiot Bassgei
Jhang Kohnen Trompett
Max Sauber Getrommeltes an Elektronik
Noémie Leer Gei a Gesank
Patrick Wilhelm Trombonn
Jessica Quintus Saxophon
Véronique Steinmetz Gebärden

Georges Majerus Tountechnik
Joey Adam Kostüm
Claude Grosch Visuals

Produktioun: AllerRetour asbl & Philharmonie Luxembourg
Koproduktion: Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange

60 Min. ouni Paus