D’RTL DÉCK-KÄPP
Déi verréckst Idéen an Äntwerten - d’Laachen ass garantéiert!
Ass et Iech net och schonn esou gaangen, daat der um 17.20 Auer generft am Beruffstrafic stitt an ob eemol anuecht huelt, dass d’Leit an den Autoe sech vreckt laachen? Ma dat läit dorun, dass eng lëschteg Équipe et zënter 21 Joer all Dag op en neits fäerdeg bréngt, eist lëtzebuerger Land un d’Laachen ze kréien. D’Geheimnis vun deem jorelaange Succès ass eigentlech einfach z’erklären: Do gesi sech all 14 Deeg eng Grupp Kollegen déi sech Witzer verzielen. Hire Chef, de Patrick Greis stellt hinne Froen iwwert e Wëssen, dat kee Mënsch brauch, a si versichen déi ze beäntweren.
Do kommen déi verréckst Idéen an Äntwerten eraus, d’Laachen ass garantéiert, a genee dorëm a nëmmen dorëm geet et. Méi ass et net. An esou zéien se zënter 21 Joer uechter d’Land a bréngen de Leit de Radio virun d’Hausdier.
150 min. + 30 min. Pause
Luxemburgisch
Mit freundlicher Unterstützung von: | |||
![]() |