En Tiger am Rousegäertchen - Eng Farce iwwert dem Mittal seng Iwwernahm vun der Arcelor
Textfaassung vum Marc Limpach zesumme mam Ensemble
Regie Frank Feitler zesumme mam Ensemble
Mam Luc Feit, Steve Karier, Désirée Nosbusch, Josiane Peiffer, Christiane Rausch, Annette Schlechter, Serge Tonon, Anouk Wagener
Freides moies, de 27. Januar 2006, iwwerrascht de Milliardär Lakshmi Mittal de Grand-Duché mat senger OPA fir de Stolproduzent Arcelor, dee grad eréischt déi kanadesch Dofasco geschléckt huet. Arcelor, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, war am Februar 2001 duerch d’Fusioun vun der Arbed, der spuenescher Aceralia, an der franséischer Usinor gegrënnt ginn. D’Land steet ënner Schock. D’Regierung kënnt op dësem Dag zesummen, awer de Premier ass op Staatsvisite am Mali. De Lëtzebuerger Staat ass mat 5,6 Prozent gréissten Eenzelaktionär vun Arcelor, mä d’Majoritéit vun den Arceloraktien sinn am Streebesëtz op de Finanzmäert: den Ausgang vum Mittal senger OPA ass komplett oppen. D’Arcelor versicht vun Ufank un d’Offer aggressiv ofzewieren an de Codenumm vun deeër Ofwierstrategie ass „Project Tiger“. Et kënnt dobäi och zu munchen verbalen Ausrutscher vu „Parfum“ contra „Eau de Cologne“ bis zu „monnaie de singe“ iwwert d’Stolprodukter an d’Aktien vu Mittal Steel.
An den Deeg no der Ukënnegung vun der OPA ginn d’Lëtzebuerger Regierung, d’Gewerkschaften an d’Journalisten sech eestëmmeg patriotesch. Eng Reprise hätt fatal Konsequenzen fir Lëtzebuerg. D’Land géif als Industriestanduert ausgeblutt. De soziale Modell géif ënnergruewen. „Mär wëllen den Här Mittal a seng Famill net bei eis a net an Europa.“ An heroeschem Stil tittelt d’Tageblatt: „It’s NO, Mr Mittal!“ an dat konservatiivt Wort riicht direkt en Internetforum an, wou ee vu rosene User liese kann, dass kee Lëtzebuerger en indesche Milliardär um Rousegäertchen sëtze gesi wëll. D’Leitartikler schreiwen vun Äerdbiewen“, enger Gefor fir „d’national Identitéit“ a spekuléieren iwwert „d’Géigenoffensiv“. Dënschdes, den 31. Januar schwätzt dann de Premier an der Chamber: “D’Lëtzebuerger Regierung ass där feindlecher OPA vu Mittal op d’Arcelor onfrëndlech gesënnt. Mir wëllen se net, well mer se net verstinn.“
An Europa entsteet eng kuerz Debatt iwwer wirtschaftleche Patriotismus, awer relativ séier verstinn déi europäesch Politiker, dass just d’Arceloraktionären dës Schluecht entscheede kënnen. Och zu Lëtzebuerg fänken d’Politiker heemlech un ëmzefalen, wéi d’Lëtzebuerger Finanzplaz a Gefor gerode kéint. De Lakshmi Mittal geet mat sengem Bouf Aditya op eng Charmeoffensiv duerch ganz Europa. Arcelor probéiert nach méi wéi sechs Méint mat alle Mëttelen eng feindlech Iwwernahm ze verhënneren. Béid Säiten engagéieren Legiounen vu Banquier’en, Affekoten, PR-Agencen an aner Beroder. E „wäisse Ritter“ aus Russland soll eng Géigenoffer fir d’Arcelor maachen, awer déi international Finanzcommunautéit ass dergéint. Wéi dem Mittal seng Offer gehéicht gëtt an hie versprécht, dass de Sëtz vum neie Konzern op Lëtzebuerg kënnt, ass alles decidéiert – a jiddereen freet sech op eemol iwwert déi gutt Léisung.
D’Stéck En Tiger am Rousegäertchen ass entstan aus enger Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Limpach an dem Frank Feitler, deen, no senge laangen an erfollegräiche Joren als Direkter vun de Stater Theateren, fir t’éischt erëm d’Säit wiesselt an e Stéck inszenéiert. D’Inszenéierung, mat néng bekannte Lëtzebuerger Schauspiller erschafft, beschreift d’Schluecht tëscht Mittal an Arcelor aus enger Lëtzebuerger Perspektiv, als Gesellschaftsfarce iwwer de Konflikt tëscht nationalen Identitéiten an Intressen an der Globaliséierung, tëscht Finanzplaz an Industriegesellschaft, tëscht neoliberale Finanzmäert an dem europäesche Sozialmodell.
75 min. | ohne Pause
Luxemburgisch
Produktion: | Koproduktion: | ||
![]() | ![]() | ![]() | ![]() |