Bohumil Kostohryz

Tickets:
10 EUR Eenheetspräis<br><br>Kulturpass gëtt akzeptéiert<br><br>Supplement Oweskeess: 2,50 EUR pro Billjee

Fenrir, de Risewollef

Sonntag 25. Februar 2018 15:00 Sonntag 25. Februar 2018 15:50 Agora

Musek an Danztheater fir Kanner no enger nordescher So fir Saxophon, Tonband an en Dänzer

Fir Kanner vun 8 Joer 

Kompagnie Kopla Bunz

Aus enger aler Këscht erkléngt eng Melodie, wéi vun Zauberhand gespillt, an hëlt den Ask an d’Embla mat an eng längst vergaangen Zäit. Si verwandele sech a Risen, Gëtter a Monster a léiere si vu bannen eraus ze verstoen. Ma wat ass e Monster eigentlech? Ass een e Monster oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasy oder Ideologie? 

Saxophon an Danz, enk matenee verschlongen, erzielen d’So vum Fenrir, dem staarken, mächtegen a rosene Wollef, si loossen déi archaesch Kräfte vun engem alen nordesche Mythos erëm opliewen: Wéi d’Gëtter prophezeit kréien, datt sech de Wollef Fenrir zu enger Gefor fir si all wäert entwéckelen, beschléisse si, deen nach klenge Wollef bei sech opzehuelen. Ma de Wollef wiisst de Gëtter iwwer de Kapp. A mam Fenrir wiisst och de Gëtter hir Angscht virun deem Risendéier a senger Roll beim Ragnarök, dem Enn vun der Welt. Dës ural nordesch So vum Fenrir, dem berüümte Wollef, hannerfreet Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold an erënnert un déi zyklesch Kraaft vum Liewen.

Op enger laanggezunne Bühn matzen duerch de Publikum gëtt déi magesch Geschicht vun engem Wollefsliewen an ongewinnter Perspektiv nogedanzt, begleet vun de Kläng vun engem Saxophon, déi Grouss a Kleng wäerte verzauberen.

Fenrir, de Risewollef, ass déi zweet Produktioun vu KOPLA BUNZ. KOPLA BUNZ gouf am Summer 2016 vun der Saxophonistin Anais Lorentz, dem Sänger a Performer Jean Bermes an der Theaterregisseurin Ela Baumann gegrënnt. KOPLA BUNZ ass eng Plattform fir déi verschiddenst Presentatioune vu Musek, Danz an Theater am Dialog matenaner.

D’Ela Baumann ass fir hir Stécker scho méi wéi eng Kéier ausgezeechent ginn, sou mam junge-ohren-preis, dem YEAH! Young EARopean Award, dem YAMA-Publikumspräis an am Kader vum nationale Literatur-Concours.

Mam Anaïs Lorentz (Saxophon) an dem Giovanni Zazzera (Danz).

Kompositioun - Pierre Cocq-Amann
Inzeenéierung, Text - Ela Baumann
Choreographie - Ela Baumann, Giovanni Zazzera
Konzept - Ela Baumann, Anaïs Lorentz
Kostümer - Mélanie Planchard
Accessoiren - Audrey Dhyvert
Liichtdesign - Jean Lou Caglar

Eng Produktioun vu KOPLA BUNZ a Koproduktioun mat de Rotondes, dem Kulturhaus Nidderaanwen, dem Trifolion Iechternach, dem Centre socio-culturel régional Prabbeli Woltz, dem CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbréck an dem Centre culturel régional opderschmelz Diddeleng. Mat der Ënnerstëtzung vum Fonds stART-up vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Indépendance, vum TROIS C-L – Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois a vum Ministère de la Culture. 

Méi Informatiounen hei. Pressemitteilung hei

ca. 50 Min. | ouni Paus 

Sprooch: Lëtzebuergesch