Lynn Theisen

Tickets:
Den Ticketsverkaf geet geschwënn lass

20 EUR
12 EUR reduzéiert

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Supplément Oweskeess: 2,50 EUR pro Ticket

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

Georges Urwald & FLOTT

Samstag 29. Januar 2022 20:00 Samstag 29. Januar 2022 21:50 Agora

Die Veranstaltung musste auf den 29.01.2022 verlegt werden.

Presentatioun vum néien Album. Kompositioune vum Georges Urwald iwwer Texter op Lëtzebuergesch vun zäitgenësseschen Autoren.

Si sangen, si spillen, si kräischen, si laachen. Wierder a Musek iwwert d’Liewen, dat schéint an dat manner schéint. Lieweg, fir de Publikum, mat dem Publikum. Fir Clown, Gesang an Orchesterchen. Voller Iwwerraschungen. Kompositioun an Improvisatioun ginn aneneen iwwer. Hei normal verréckt, do vläicht e bëssen Dada. Alles an allem awer ‚ganz flott dat do’!

Mam méi grouss besaten Ensemble, georges urwald & FLOTT interpretéieren de Joe Del Toe an de Georges Urwald haaptsächlech Neikompositiounen op Texter vu verschidde Lëtzebuerger Auteure vun Dicks bis Jemp Schuster, verstäerkt och op Texter vu jonke Lëtzebuerger Schrëftsteller.

Musek, faarweg besat, Arrangementer, erzieleresch geschwat, Kompositiounen, hausgemat, Improvisatiounen, onerwaart an net gefaart, Klonerei, scho vill zesumme gelaacht, suerge fir de gudden Owend.

Et spillen, sangen a laachen:
Joe Del Toe – Clownerei
Georges Urwald - Gesang, Piano, Arrangement a Kompositioun
Caroline Mirkes – Cello an Danz
Jeff Mack – Gesank an Trompett
Franz Schilling – Gesank a Gei
Anne Kaftan – Sopran saxofon a Bassklarinett
Franck Hemmerlé - Perkussioun
+ Iwwerraschungsgäscht…

90 Min.