KMK - kabarettmarsklein: Wann e Salamander mat dem Feier spillt
Litteraresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg.
Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder populisteschem Beschass steet KMK fir Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson. Wuertspillerei a satiresch Kritik wiësselen sech och am neie Programm of, deen am éischten Deel e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten iwer Lëtzebuerg auspaakt.
Mam Véronique Kinnen, Martina Roth a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent Schauspillerinnen a Sängerinnen niewt sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano.
D’Texter vun däitschen Auteuren a vum Mars Klein selwer gi gespillt op Lëtzbuergesch an Däitsch.
Fünf Jahre lang spielte Mars Klein als Solo-Kabarettist mit eigenem, exklusiv deutschem Text und war eine der „bissigsten“ Stimmen der Luxemburger Kleinkunst-Szene.
2012 von Regisseur Claude Mangen für die Bühne „reaktiviert“, spielt er mit seinem erweiterten Ensemble jetzt ein drittes Programm - getreu dem Motto KMK: KLUGES MIT KRITISCHEM!
P.S.: Für unser deutschsprachiges Publikum: 70% der Texte sind in deutscher Sprache.
Et spillen:
Véronique Kinnen, Martina Roth, Sabine Rossbach, Mars Klein, Rudi Schubert
ca. 80 Min. + 20 Min. Pause
Lëtzebuergesch & Däitsch