INECC Luxemburg

Tickets:
12 EUR Eenheetspräis

Supplément Oweskeess:
2,50 EUR pro Ticket

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

Lëtzebuerger Lidderchouer

Samstag 17. November 2018 15:00 Samstag 17. November 2018 16:00 Atrium

Lidder vu fréier an Texter vu fréier treffen op Lidder vun haut an Texter vun haut: Nei arrangéiert an nei komponéiert fir Kleng a Grouss.

Säit 5 Joer léisst den INECC Lëtzebuerger Lidder nei arrangéieren fir eise räiche lëtzebuerger Lidder-Repertoire an enger neier, zäitgeméisser Form ze präsentéieren an de jonke Sänger, Gruppen, Bands a Chéier zougänglech an attraktiv ze maachen.

Niewt bekannten an onbekannte Lidder, héiert dir an dësem Concert och „Nei Lidder fir déi Jonk“.

Freet eech op de „Lëtzebuerger Lidderchouer“ begleet vun:

Christophe Nanquette
Marc Demuth
Boris Dinev

zesumme mat de Schüler aus de Solfège-Klasse vun der Iechternacher Musekschoul

ca. 60 Min. | ouni Paus

Lëtzebuergesch

A Kooperatioun mat: