Sang a sprang mat mir!
En interaktive Familljenconcert mat lëtzebuergesche Lidder
D'Veranstaltung fënnt am Kader vum Family Day am TRIFOLION statt.
Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer
Wéi klengen de Reen an de Wand? Wouhin geet d’Rees mam klengen Zuch? A wien verstoppt sech an der Buerg vum Ritter Kunibal?Dat jonkt Publikum kann fläisseg mathëllefe fir dat erauszefannen. D’Kanner an hir Elteren/Grousselteren sangen, sprangen a musizéieren zesummen mat de Museker op der Bün.D’Lidder sinn eng flott Auswiel aus dem neie Lidderbuch (mat CD/Download) «Sang a sprang mat mir» vum Martine Majerus a vum Dominique Steiner.
Gesank & Konzeptioun: Dominique Steiner
Piano: Jos Majerus
Gittar: Riaz Khabirpour
Perkussioun: Benoît Martiny
Bass: Marc Demuth
Weider Veranstaltungen um Family Day:
12:00 Yoga
13:00 Dany Gales: Kolja & Galina - Wa Kuebe reesen
15:00 Dany Gales: Kolja & Galina - Wa Kuebe reesen
17:00 Choraoke - Sing along Concert
60 Min. ouni Paus
Lëtzebuergesch