Saxtitude

Saxtitude Megablech

Freitag 10. Februar 2017 10:00 Freitag 25. April 2025 00:00 Atrium

„Mega Blech“ ass eng flott musikalesch Geschicht fir Kanner vu 4 bis 12 Joer.

Für Kinder von 5-10 Jahren.

D’Famill  vun de Blosinstrumenter geet op Weltrees. Op hirem Wee ronderëm de Globus entdecken de Sousaphon, d’Trombone, d’Trompett an de Saxophon eng ganz Rëtsch vu verschiddene Museksstiler, a kréie vill nei Frënn.

Vun der klassescher Blosmusek, iwwert de Jazz bis zur moderner Musek, ass bal all Museksrichtung vertrueden. Well d’Musek esou flott ass, an d'Geschicht esou lëschteg a witzeg erzielt gëtt, sinn d’Elteren, d’Bomien an d’Bopien genee esou wëllkomm wéi d’Kanner.

Robi Arend - Musek
Al Ginter - Text

Al Ginter - Erzieler a Perkussionist
Etienne Sibille - Sousaphon
Robi Arend - Saxophon
Gilles Burgund - Trompett
Gast Gnad - Trombone

60 min. | ohne Pause 

Luxemburgisch