Theater.lu: „Déi eng an déi aner“ - E witzeg-ironescht Stéck vum Roland Kalté
Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner. Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn ... anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen.
Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner? 4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner?
Am Theaterstéck kann ee gutt lachen mee t‘gëtt een awer och un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?
De Roland Kalte huet iwwert d’Antenn vun RTL sech en Numm gemach mat senger witzeg-ironesch- an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldaag parodéiert.
Regie & Dekoren - Claude Fritz
Graffitti - Philippe Dauphin
Beliichtung - Jang Krippler
Technesch Assistenz - Willy Blommaerts
Et spillen:
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Marcel Hamilius
Luc Lamesch
ca. 80 min. | ohne Pause
Luxemburgisch